O'zapft is

Jo, Befort huet och säin Oktoberfest. Fir d'éischte Kéier gouf e Samsdeg, den 20. September, zu Befort een Oktoberfest organiséiert. D'Pompjeeën an de Syndicat d'initiative hunn zesummen dat Fest vun de Wiesn zu München am Freistaat Bayern op d'Bee gestallt.

Den éischte "Fassanstich" hat ët u sech an ët wor guer nit sou einfach fir de Buergermeeschter Camille Hoffmann. Och wann dobäi d'Schierbele gefall sinn. "Übung macht den Meister" an esou kann ee hoffen, datt ët d'nächst Joer besser klappt mam "Fassanstich" mam Sproch "O'zapft is".

"Schëppe Siwen" a "Gamsbart-Trio" stungen um Programm vum éischten Oktoberfest zu Befort, dat op der Äispist (nach ouni Äis) organiséiert gouf. Selbstverständlech kruut ee während dem Owend typesch bayeresch Spezialitéiten, Béier an Iessen, zerwéiert.

E puer Andréck vum éischte "Fassanstich" vum Beforter Oktoberfest.