"Godmother of Punk" zu Gaascht

Nom Musical "My Fair Lady" e Samsdeg wore gëschter Owend ganz aner Téin am Kader vun de "Rock Classics @ Beaufort Castle" ze héieren. Patti Smith, d'"Godmother of Punk", wor nämlech zu Gaascht. Si gëtt als Punk- a Rockmusikerin, Singer-Songwriterin, Fotografin, Molerin a Lyrikerin bezeechent. Hir éischt Single "Hey Joe" koum 1974 eraus an zu de bekanntesten Hits gehéieren d'Lidder "Because The Night" a "Gloria", déi am Laf vum Owend och gespillt goufen.

Als Virgrupp stung "Slowhand – The Eric Clapton Tribute Show" um Programm.

Virum Optrëtt zu Befort huet wort.lu een Interview mam Patti Smith publizéiert:

https://www.wort.lu/de/kultur/patti-smith-ce-dimanche-a-beaufort-la-marraine-du-punk-revient-au-luxembourg-53db45a8b9b398870804e211