Nationale Gedenkdag zu Beefort

Den nationale Gedenkdag, deen un d’Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek un déi schwéier Zäit vun 1940 bis 1945 erënnert, huet zu Beefort mat enger Mass ugefaangen. “Wer in der Demokratie schläft, wacht in der Diktatur auf” war ee vun de Käraussoe vun der Pastoralassistentin Josiane Mirkes an der Gedenkmass. De Rietspopulismus, deen an der Vergaangenheet zu Kricher gefouert huet, fënnt an heitegen Zäiten ëmmer méi Unhänger an et wier un der Zäit deem entgéintzewierken.

Ofgeschloss gouf d’Mass mam Sange vun der véierter Strof vun der Heemecht.


Uschléissend hunn de Buergermeeschter Camille Hoffmann, de Schäffen Emile Wies an d’Andreza Sanguessuga (Gemengerot) eng Gerbe beim “Monument aux Morts” néiergeluecht. Zum Ofschloss hunn d’Chorale Sainte Cécile Beefort a Sang mat Waldbëlleg/Haler d’Heemecht gesongen.