Fir d'Wiichtelcher goungen d'Problemer schon an sech virum Match un: net manner wéi 7 Spiller hunn haut gefehlt, dorënner d'Stammspiller Gielty (matt der Arbecht am Ausland), Shoffner (krank), Keiff a Mathieu (alle béid verletzt) esou wéi den Ersatzkeeper Jacobs (scho méi laang verletzt), Vaz Dos Reis (och verletzt) an Denigro (onentschëllegt um Training gefehlt). Mä domat sollt et net duergoen, de Jos Steffen hat just 4 Ersatzspiller op der Bänk, dorënner de rekonvalaszenten awer an sech nach net fitten Ben Greiveldinger, an de Chrismousse huet mat enger Schëllerverletzung gespillt.
Deementspriechend sollt de Match dann och ginn: d'Gäscht vum Verluerekascht hunn d'Partie iwwer 90 Minutten dominéiert wéi se wollten, schon no 2' hätt et kënnen 0-2 stoen, en éischte Schoss z.B. no just 15” ass um Poteau gelant, vu wou e Beggener e konnt an Corner drécken. An der 8.' sollt et dunn schon rabbelen, wéi de Romero, dee scho virdrun eng gutt Chance hat, no Pass vum fréiere Beggener Rani den 0-1 markéiert huet. An der 17.' ass de Racing gläich zweemol um sensationell réagéierende Chrismousse gescheitert, an der selwechter Minutt ass e Kappball vun de Gäscht laanscht gaangen. De Fusiounsveräin huet Ball a Géigner lafe gelooss an et huet bis an d'19.' gedauert, bis Beggen hier éischt an awer och quasi eenzeg serieux Goalchance haten: e Schoss vum Demeyer no Zouspill vum Hamilton ass awer knapp driwwer gaangen. 2' drop war et dunn erem de Romero, deen no eklatantem Ballverloscht vum Krings am Mëttelfeld erem no Pass vum Rani konnt op 0-2 erhéijen. D'Romero-Show sollt weidergoen: an der 27.' huet de Chrismousse erëm eng excellent Parade géint de Stiermer gewisen. Duerno hunn d'Gäscht d'Vitesse e bëssen erausgeholl, nawell sollt et an der 44.' zum Hattrick vum Romero kommen, deen no Pass vu riets den 0-3 geschoss huet.
No der Paus sollt sech näischt um Bild änneren, ausser datt de Racing mat der Zäit d'Saach méi gemittlech ugaangen ass. Trotzdem koume si zu enger grousser Zuel u Chancen duerch Rani (47.'), an der 54.' war et erem de Chrismousse dee genial a Corner deviéiere konnt, d'selwecht wéi an der 58.' während Beggen sech zwar beméit huet, mä jidderee fir sech, en anstänneg Zesummespill war net ze gesinn awer och seelen méiglech, vläicht och doduerch bedéngt, datt wichteg Leit, déi virun allem nom Wanter d'Spill berouege konnten an em offensive Mëttelfeld de Réck konnte fräihalen, haut net derbäi waren, nämlech Gielty a Shoffner. Ausserdeem huet d'Beggener Défence alt erëm an enger neier Konstellatioun gespillt, et huet een opgehal matt zielen, wéi dacks dat dës Saison schon de Fall war. Héichpunkt bei de Beggener an der zweeter Halschent war am Fong de couragéierte Wiessel vum Jos Steffen, deen no enger knapper Stonn de 16-jährege Marlon Rock huet missen erabréngen, deen den och verletzten Olavo Spencer ersat huet. De jonke Borscht aus de Beggener Junioren, dee scho méi laang mat der 1.Equipe trainéiert, konnt sech domat en Draam erfëllen an huet sech Saach fir säin éischte Match an der éischter Equipe ganz gutt gemat, hie stoung no um Mann, huet esou gutt et gaang ass gestéiert an einfach gespillt.
Fussballerësch gouf bis zum Schluss net méi vill ze gesinn, an der 79.' gouf et e ganz zarghafte Versuch vun de Wiichtelcher, kuerz virdrun hat de Racing och nach eng Chance, mä dat sollt et dann och gewiescht sinn.
Weider Resultater aus der Coupe de Luxembourg: Stroossen - Diddeleng 0-1 n.V., Suessem - Kanech 0-2, Mertert/Waasserbëlleg - Jeunesse Esch 0-1, Bieles - Rëmeleng 0-1, Jonglënster - Fola Esch 0-2, Hueschtert - Hamm 3-5 no 11m, Schieren - Déifferdeng 2-4, Mäerzeg - Hesper 0-3, Monnerech - Ettelbréck 0-3, Fluessweiler/Beyren - Péiteng 6-5 no 11m, Stengefort - Wolz 3-1, Kielen - Käerjeng 1-6, Käl/Téiteng - Millebaach 1-0, Mamer - Gréiwemaacher 1-3, Mondorf - Nidderkuer 2-5 n.V.
[ Foto: den Trainer Jos Steffen an de President Jean Hansen vum FC Avenir zesumme mam 16-jähregen Débütant Marlon Rock ]
[ Source: www.wichtelweb.net ]