(Fotos) Daring Iechternach - Avenir Beggen 1-1

Beim vermeintlechen Ofsteiger vun Iechternach kommen d'Wiichtelcher net iwwer e moeren 1-1 eraus, wat virun allem ëm Fakt geschëllt war, datt d'Gäscht virun der Paus hier Chancen net genotzt hunn.

Beggen hätt a sech schonn no 10' kënnen, wann net missen, 1-0 oder 2-0 vir sinn. An der 4.' gouf e Schoss vun der Neiverpflichtung Ricky Sousa no engem Fräistouss gehal, am uschléissende Corner huet e Beggener aus just ronn 5m iwwer de Goal geschoss. No 9' huet de Sousa vu riets fest a flaach an de 5-Meterraum gepasst, wou den Troncao goldrichteg stoung, mä och hei konnt den Iechternacher Keeper ofwieren. 1' méi spéit ass den Troncao eleng fortkomm, mä säi Schoss goung laanscht de laange Poteau. No 16' gouf e Beggener Schoss op der Linn ofgewiert, nodeem de Keeper vun der Lokalequipe schonn geschloe war. No 23' huet hien erëm missen agräifen, wéi hien e Schoss no enger gudder Aktioun konnt halen. 2' méi spéit sollt dunn endlech déi verdéngte Féierung falen: no enger Aktioun, an där Iechternach de Ball net ewech krut huet de Ricky Sousa vun hallef riets, knapp ausserhalb vum Strofraum, ofgezunn an säi Ball ass onhaltbar ënne lénks ageschloen, 1-0! No enger hallwer Stonn huet de Leandro Matias no engem Konter de Ball schéin iwwer de Keeper gehuewen, mä d'Kugel sollt knapp laanscht de Goal goen. No 34' ass e gudde Kappball vum Kapitän Danny Krings vun der Linn gekäppt ginn, mat dësem fir d'Lokalequipe schmeichelhaften 1-0 sollten d'Säite gewiesselt ginn.

Et war nach keng Minutt an der 2.Halschent gespillt, wéi den Troncao et fäerdeg bruet huet aus ca. 12m iwwer den eidele Goal ze schéissen! 5' méi spéit ass e Schoss vum selwechte Spiller gehale ginn, éier dunn no enger gudder Stonn den iwwerraschenden Ausgläich sollt falen: ähnlech wéi beim 1-0 fir Beggen zitt e Spiller vum Rand vum Strofraum of an de Ball geet mat Hëllef vum lénke Poteau zum 1-1 eran, de Mersch hat hei keng Chance eppes ze maache (62.'). Beggen hu wéi ausgewiesselt geschéngt, am negative Sënn, wéi no enger Rettungsdot vum Mersch no 66' och e Kappball vun Iechternach nom uschléissende Corner knapp iwwer d'Lat gaange war. Op der anerer Säit huet den agewiesselten Demeyer e Schoss ofginn, deen de Goalkeeper vum Daring awer konnt halen. An der 80' krut Beggen dunn d'Chance, awer nach ze gewannen: no enger Noutbrems am Strofraum huet den Arbitter net gezéckt an op de Punkt gewisen an den Iechternacher Verdeedeger mat glat rout vum Terrain geschéckt. De Ramcilovic, dee bis elo dës Saison seng Elefmeteren all sécher verwandelt hat, trëtt un mä et war op en Neits den Iechternacher Keeper, dee sollt d'Iwwerhand behalen. 1' méi spéit huet en och nach e Schoss vum Almeida gehal. An obschonn Iechternach nach e weidere Spiller mat giel-rout erofgesat kruten, huet den Avenir et net méi fäerdeg bruet, an der Schlussphase eng Decisioun ze erzwéngen.

Opstellung vu Beggen: Mersch (GK), Nimsgern, Durao, Ramcilovic, Spencer (72.' giel, 85.' Schmit), Troncao (63.' Almeida), Rock (62.' giel), Krings (C), Ribeiro (84.' giel), Sousa (25.' 1-0, 55.' giel), L.Matias (67.' Demeyer)

[ Quell: www.wichtelweb.net ]