D'FLF huet de Muergen d'Decisioun geholl, all Match déi fir haut, muer, e Samschdeg an e Sonndeg ugesat waren, ofzesoen an op spéider Datumen, déi nach net definéiert goufen, ze verleeën. D'Grënn hei fir si logescherweis déi schlecht Wiederconditiounen. D'FLF kënnegt un, d'Neiusetzungen an de kommenden Deeg matzedeelen.
Dës Ofsoen betreffen wuelverstan och den Derby an der Coupe tëscht ëm Avenir Beggen an ëm RFCU Lëtzebuerg, dee fir e Sonndeg um Programm stoung, mä och folgend Matcher vun der Beggener Jugend: d'Scolairen auswäerts zu Märel an d'Minimen auswäerts zu Miersch, zwee wichteg Matcher fir den Opstieg an déi jeeweileg héchst Spillklass. De Futsal-Championnat bleift um Programm.
Et ass schwéier ze soen, ob elo virun der Wanterpaus iwwerhaapt nach Fussball gespillt gëtt. De Wichtel Web hält Iech iwwert de weidere Verlaf an d'Neiusetzungen um Lafenden. Am Dezember ginn et nach zwee offiziell Remis-Spilldeeg: den 15. an den 19.Dezember, am Februar ginn et där véier.
[ Source: www.wichtelweb.net ]