D'FLF huet gëschter matgedeelt, wéini déi ausgefalle Matcher am Championnat an an der Coupe nogeholl ginn.
Den 12.Spilldag aus der Éirepromotioun (inkl. Rouspert - Beggen) gët deemno den 20.Februar gespillt, natierlech just wann d'Wiederconditiounen et zouloossen. Och d'Reprise an der BGL Ligue esou wéi an den ënneschten Divisiounen (Ausnahm: 1.Divisioun, 2.Bezierk) ass fir den 20.2. virgesinn.
An der Coupe kënnt et zu engem Schnellduerchlaf: den Derby géint de Racing, esou wéi déi komplett 5.Ronn, gëtt net méi spéit wéi Sonndes, den 3.Abrëll nogeholl, d'Final vun der Coupe steet da schon den 29.Mee um Programm, deemno wäerte fir déi zukünfteg Finalisten etlech englesch Wochen ustoen. Op mannst sinn d'Chancen da méi kleng, datt et zu weideren wiederbedéngten Ausfäll kënnt.
[ Source: www.wichtelweb.net ]