Komm bei eis! – Rejoins-nous! – Join us!
Den traditionelle Barbecue de la Rue, organiséiert vun Noel de la Rue asbl, huet dëst Joer nees am Gaart vum Centre culturel St. Jean um Belair stattfond. Eng grouss Hëllef sinn di vill Benevollen, souwéi d‘Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg, besonnesch vum Service Maintenance.
De Barbecue huet Gäscht jonk an al aus alle Regiounen ugezunn. Nieft Iessen an Drénken gouf Aktivitéiten ugebueden: Gesellschaftsspiller, Futtball, Konschtatelieren an eng musikalesch Bün mat „Open Mic“ a Karaoke. Kënschtler wéi Katia Martins, Tomaz Lenz & Friends hu fir déi musikalesch Animatioun gesuergt.
Fir en historeschen Akzent hunn d’Collectionneurs de Véhicules Militaires Steesel (CVM) gesuergt. D’Associatioun, déi 15 militäresch Gefierer aus verschiddenen Zäite besëtzt, war mat engem Dodge WC52 aus dem Joer 1943, engem Gefier aus dem Zweete Weltkrich, op der Plaz. CVM versteet sech als e fuerende Musée, deen d’Geschicht fir d’Ëffentlechkeet erëm lieweg mécht. Si wäerten och beim 45. Gebuertsdag vun NDR den 25. Oktober an der Stad präsent sinn. Am Kader vun dësem Anniversaire organiséieren d’Frënn vun NDL eng Marche de solidarité, dee vun der Gare aus um 16 Auer bis bei d’Gëlle Fra geet. D’Initiativ, soll op d’Situatioun vu Leit opmierksam maachen, déi an enger prekärer Situatioun liewen. Mat +/- 400 Visiteure war de Barbecue och dëst Joer e grousse Succès. D’Gäscht hunn sech mat Gegrilltem, Zaloten, Fritten, Glace vu Luxlait a frëschem Uebst verwinne gelooss. Bei deenen angeneemen Temperaturen um Sonndeg war och fir genuch Gedrénks gesuergt: Waasser, Softdrinks, Jus, Kaffie hunn de ganzen Dag iwwer fir Erfrëschung gesuergt, wat zu der frëndlecher a sympathescher Atmosphär bäigedroen huet.