Krëschdag zu Lëtzebuerg - Hëllef géint Eleng sinn an d’Hoffnung stäerken .
um weitere Bilder zu sehen.
Krëschdag zu Lëtzebuerg
Hëllef géint Eleng sinn an d’Hoffnung stäerken
Un ee mat Léift gedeckten Dësch, déi vun villen engagéierten Fräiwëllegen vu Noel de la Rue mat frëschem Uebst, Chrëschtbullen a Séissegkeete dekoréiert ginn ass, konnten ob Krëschdag mëttes +/- 500 Gäscht sech an der Staadt um Lampertsbierg usätzen. Extra Navette waren ob dësem Dag agesad, dat d’Leit vum Süde, Zentrum asw . d’Méiglechkeet haten, derbäi ze sinn. Musikalesch empfaang si se vun der Musik „Origer@friends“ vu Réiden, Romaine a Fränz un der Dréiuegel, engem Punsch, an dem Léo Kraus, President vun Noel de la Rue. Krëschdag wëllkomm ze sin, a mat Rou gutt ze iessen ass wéi Liicht an der Donkelheet. Dat gréisst Geschenk , ass fir di méischt net eleng ze sin. Et ass einfach schéin fir d’Bénévolen dëse Leit e schéine Krëschdag ze bidden. Et ass e Fest wou ee gär eppes gett, deene Leit di an Nout sin, wann et engem selwer gutt geet. D’Bénévolen maachen hiren d’Service mat Iwwerzeegung, sech ëm Leit ze bekëmmeren, déi a schwéiere Situatioune sinn. Mir, Benevol freeën eis dëst alles matzeerliwen. Nom Iessen ass de Weihnachtsmann, mat sengen Engelen bei Kleng a Grouss komm, a wou Jiddereen natiirlech e schéine Cadeau kritt huet.
Eng gutt waarm Geméiszopp, wéi fréier, Dinde mat Geméiss a Spätzle, Bûche, Kaffi a Gedrénks fir eis Leit gëtt vu Spende bezuelt. Zousätzlech gin iwwert 80 Kuchen vum Mady a Frënn all Joer gebak. Esou e Projet kann nëmmen mat vill Leit zesumme realiséiert ginn, déi upaken, grad ob Krëschdag.