Rieslings Gemeen Wormer

100. Pilgerwee bei den Donatus ob der Koeppchen 2027


All éischte Sonndeg am Juli geet d’Poar vun der Rieslings‑Gemeen Wormer bei d’Donatus‑Kapell, déi an de Joeren 1925/1926 gebaut gouf a besser bekannt ass als d’Wormer Koeppchen. Wormer, eng traditionell Wäigemeen, geet dëse Wee fir den hellegen Donatus, Patréiner a Beschützer vun de Wéngerten, ëm Schutz viru schwéiere Wiederen an Naturkatastrophen ze bieden. Bei dëser Geleeënheet gëtt och beim Monument aux Morts, dat 1966 ageweit gouf, un all déi gefale Wormer Jongen aus dem Zweete Weltkrich geduecht. De Wormer Gesank an d’Musik hunn déi feierlech Mass vum Här Paschtouer Alain Steffen wonnerbar encadréiert. Bei schéiner Sonn hunn d’Wéngerten an hirem grénge Kleed iwwer de ganze Museldall eng eenzegaarteg Vue vun der Koeppchen geliwert, e Moment voller Rou an Traditioun, a verbonne mat der Natur. 2027 ass dann déi 100. Kéier, wou dëse Pilgerwee traditionell gefeiert gëtt.