Wéi all Jor hat d'Kathoulesch Männeraktioun hir
Mataarbechter op e Patt agelueden als Merci fir d'Aarbecht, déi dat lescht Jor geleescht ginn ass. Am Numm vum verhënnerte President Jean-Paul Schneider huet den Aumônier Fernand Huberty (net op der Foto)
d'Leit begréisst. Hien huet bedauert, datt vill Béises ënner dem
Deckmantel vun de Relioune geschitt an datt de Katholizismus
bekämpft gëtt, och hei am Land. Den Härgott brauch eis awer fir
Guddes ze machen. De Fränz Mouris huet de Werdegaang vun der
Zäitschrëft „aktioun“ opgezeechent. D'Encaisseure vum Beitrag an
d'Mataarbechter vum Service Kultur a Senioren hu Merci gesot kritt fir hiren Asaz. De Generalsekretär Willy Fuchs huet un déi vill Aarbecht wéinst dem Plënneren vun der KMA vun engem Gebai an en anert am Centre Convict erënnert. D'Foto weist en Deel vun de Leit, déi deen Owend do waren. ⋌(TEXT/FOTO: KMA)