Mat der Gemeng Conter an de „Bastogne War Museum“

Am Zesummenhank mat dem nationale Gedenkdag hat d'Gemeng Conter eng Visite an de neie „Bastogne War Museum“ organiséiert. Wuel befaasst sech dës 2014 erneiert a vergréissert Ausstellung mat dem Zweete Weltkrich, woubäi den Accent op der Ardenneschluecht läit. Am Fong ass de ganze Komplex awer eng Erënnerungsplaz, déi als ofschreckend Beispill géint de Krich an all senge Forme geduecht ass.


Op enger Surface vu 1.600 Quadratmeter mat méi wéi 400 Ausstellungsstécker a mat Hëllef vun Dekoren a vu Multimediainstallatiounen gi beim Visiteur Emotiounen ervirgeruff, déi him d'Gefill ginn, dass dës Geschicht sech ëm hien selwer dréit. Virun allem awer naachen dräi „Szenovisiounen“ mat echte multisensoreschen 3-D-Inszenéierungen et méiglech, dass ee ganz an d'Geschicht andauche kann. Derbäi komme nach Audioguiden a véier Sproochen, déi d'Visite vun op d'mannst zwou Stonnen nie langweileg gi loossen.


Besicht gouf gläich niewendrun och nach de „Mardasson Memorial“ mat senger Krypta, déi de Fernand Léger, ee vun de bedeitendste franséische Moler vum 20. Jorhonnert, dekoréiert huet.


Um Heemwee op Lëtzebuerg gouf en éischen Halt zu Woltz beim nationale Streikdenkmal gemat. Vum Josy Lorent, Vizepräsident vum „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“, gouf et Erklärungen zu dësem imposante Bauwierk, dat no de Pläng vum Architekt Roger Wercollier -hien hat en Haus zu Conter- a mat Skulpture vum Lucien Wercollier gebaut an den 30. September 1956 ageweit ginn ass.


Eng lescht Statioun war de Memorial „Schumanns Eck“ bei Noutem, wou vill amerikanesch an däitsch Zhaldoten während der Ardenneschluecht 1944-1945 gekämpft hunn a gestuerwe sinn. De Frank Rockenbrod, Grënnungsmember a Präsident vum Verwaltungsrot vum „Musée national d'histoire militaire“ zu Dikrech a Präsident vum „National Liberation Memorial“ um Schumanns Eck“, deen zoufälleg mat amerikanesche Krichsveteranen op der Plaz war, huet frëndlecherweis och de Visiteuren aus der Gemeng Conter ausféierlech a kompetent Explikatiounen iwwert déi schrecklech Krichsszene ginn, dé sech an dëser Géigend ofgespillt hunn. (j-lo)