Cercle Vocal BelVal-Metzerlach nach vill engagéiert

Cercle Vocal BelVal-Metzerlach nach vill engagéiert

Kuerz no dem Fest vun Epiphanie, Dräikinneksdag, huet de Cercle Vocal BelVal-Metzerlach op séng Generalversammlung invitéiert. An hirer Begréissung assd’Presidentin drop agaang, dass 2022 mat deene villen erschreckende Noriichten vun ëmmer erëm neie Krisen, e ganzt schwieregt Joer war. Fir jidderee perséinlech a fir d’Veräiner. Och de Cercle Vocal hat eng Rei Problemer, wann och net prioritär duerch déi allgemeng schwiereg Situatioun. Mat sénger laangjähreger a räicher Erfahrung um gesangstechneschen, musikaleschen a liturgesche Plang, leit de Cercle Vocal net ëmmer op der selwechter Wellelängt wéi déi Verantwortlech vun der Par Suessem. Dat mécht Zesummenschaffen net ëmmer einfach. Kloer gin all Beméiungen gemaach, dass de Chouergesang als wichteg a wäertvollt Element vun der Liturgie net verluer geet.

Dofir hun d’Sängerinnen vum Cercle Vocal sech och 2022 mat vill Begeeschterung fir schéinen, harmonsche Gesang engagéiert!

Den Aktivitéitsbericht vun der Madamm Nelly Fellinger huet gewisen, dass de Kalenner gutt gefëllt war. All grouss a kleng Feierdeeg huet de Cercle Vocal gesanglech matgefeiert. Déi reliéis Gemeinschaften vun Esch hun am Kader vun Esch2022 de Projet „Ensemble, même si différents“ organiséiert. De Cercle Vocal as frou, bei 3 Evenementer konnten dobäi ze sin.

D’Madamm Simone Mesenburg konnt e ganz ausgeglachene Keessebericht virdroen an den aktuellen Comité as konfirméiert gin: Danielle a Waltraud Gratias, Karin Rolgen, Simone Mesenburg, Nelly Fellinger, Alain Meyers a Frédéric Humbel.

Et war eng grouss Freed, fir eng Rei Memberen vum Cercle Vocal eng Auszeechnung fir hirt laangjähregt Engagement kënnen ze iwwerreechen. Den Här Patrick Jemming vum Piusverband huet der Madamm Karin Rolgen-Kneip d’Médaille en or avec palmettes fir 40 Joer iwwereecht. Hien huet och déi Leit mat vill Luef geéiert, déi hir Auszeechnung schon an der Mass fir Cäciliendag kritt hun: den Här Alain Meyers d’Insigne de mérite fir 5 Joer an d’Madamm Gilberte Batting-Koch fir 60 Joer! Vun der UGDA sin ausgezeechent gin: fir 5 Joer (Insigne): Alain Meyers; fir 50 Joer (Médaille en argent Grand-Duc Adolphe): Christine a Danielle Gratias; fir 60 Joer (Médaille en vermeil Grand-Duc Adolphe): Gilberte Batting-Koch a Carine Schutz-Hausemer. Häerzlech Gratulatiounen fir d’Jubilaren, e grousse Merci a nach vill aktiv Joren dobäi!

Nodeem Vertrieder vun der Gemeng, dem Piusverband, der Bieleser Entente, der Kulturkomissioun an den Oeuvres Paroissiales hire Merci an hir gutt Wënsch fir d’Zukunft zum Ausdrock bruecht hun, konnt de Cercle Vocal no 2 Joer Paus erëm op hiren traditionellen Dräikinnekskuch invitéieren.