Cercle Vocal feiert Cäciliendag

Cercle Vocal feiert Cäciliendag


De Cercle Vocal BelVal-Metzerlach as frou an dankbar, an dësen Zäiten - trotz Pandemie an dem Verloscht vun hirer Heemechtskierch - weider kënnen ze sangen, sech mat hirem Gesang fir eng lieweg Kierch ze engagéieren.


Et war dem Cercle Vocal dofir eng grouss Freed, fir den Cäciliendag mat enger feierlecher Mass op Christkönigssonnden musikalesch mat ze gestalten. De Chouer as houfreg, an dëser Mass d’Madame Lydie Jung, Sekretärin vum Piusverband konnten ze begréissen. An enger Usprooch huet d’Mme Jung dem Chouer fir säi wäertvollt Engagement a séng Qualitéit e grousse Merci an e Luef ausgeschwat.


4 Damme konnte mat enger Auszeechnung vum Piusverband fir hir laangjähreg Trei zum Chouer an zur Kierchemusik geéiert gin: Mme Nelly Fellinger-Bernard (5 Joer: Insigne de mérite); Mme Céline Goergen-Mirkes an Mme Christine Gratias (40 Joer: médaille en or avec palmettes), an d’Mme Waltraud Gratias-Blasczyk (50 Joer: plaquette en or)


Deene 4 Dammen häerzlech Gratulatiounen an dem ganze Cercle Vocal weiderhin vill Freed an hirem Engagement.