Generalversammlung zu Bieles-Metzerlach

Generalversammlung zu Bieles/Metzerlach


Dem Cercle Vocal geet et gutt


Viru kuerzem huet de Cercle Vocal op séng Generalversammlung invitéiert. An hirer Begréissung huet d’Presidentin erënnert, dass Villes an der Gesellschaft net zum beschten as. An och de Cercle Vocal kennt wéi all Veräiner eng ganz Rei Problemer. Awer virun allem konnt si konfirméieren, dass et dem Cercle Vocal gutt geet, an dat duerch verschidden Aspekter. De Chouer gëtt net midd, sech mat grousser Leidenschaft fir gudden an harmonesche Gesang ze engagéieren. D’Sängerinnen wëssen aus hirer laangjähreger a räicher Erfahrung: gemeinsamt Sangen dréit zur Liewensqualitéit bäi, ënnerstëtzt déi physesch a psychologesch Gesondheet a si kënnen duerch Deelen vun hirem Talent och aner Mënschen Freed an Trouscht schenken.

Dat huet de Cercle Vocal och direkt ënnert Beweis gestallt: zesummen mat der Assemblée hun d’Sängerinnen dat Stéck „Sehnsucht nach Frieden“ gesongen. A jiddereen konnt materliewen, wat et bedeit, gemeinsam sech vum Gesang matrappen ze loossen.

No 5 Joer konnt de Cercle Vocal och dee neien Dirigent virstellen: mat dem Här Csaba Fazekas as de Chouer ganz gutt gefall. Hien verlaangt vill vun de Sängerinnen, ma fuerdert a fördert gläichzäiteg. Sou kann deen harmonesche Chouerklang ënnert sénger Leedung a virun allem mat sénger Begeeschterung weider perfektionnéiert gin. De Cercle Vocal an den Här Fazekas freeën sech op eng gutt Zesummenaarbecht.

Den Tätegkeetsbericht vum Nelly Fellinger - Bernard huet gewisen, dass de Cercle Vocal 2023 vill engagéiert war. Besonnesch d’Feierdeeg sin gesanglech encadréiert gin, dat virun allem an der Zolwer Kierch. Begleed as de Chouer bei deene Geleenheeten vum Henri Nürenberg, dem Jean-Marie Wagner, oder och nach vum Claude Clement, deen schon 40 Joer dem Cercle Vocal zur Säit steet.

D’Simone Mesenburg - Biver huet an hirem Finanzbericht dëst Joer en Excédent de Dépenses missen feststellen. Trotzdem huet de Chouer momentan nach eng gudd finanziell Basis.

Och dëst Joer as de Cercle Vocal frou, erëm eng Rei laangjähreg Memberen konnten auszezeechnen. D’Gilberte Batting - Koch huet am November schon en extra Diplom vum Piusverband fir 60 Joer iwwerrecht kritt; d’Monique Metz - Grof op Cäciliendag d’Sëlwermedaille fir 20 Joer. Vun der UGDA huet d’Juliette Asorne - Cattani d‘Médaille en Vermail Grand-Duc Adolphe fir 60 Joer iwwerreecht kritt.

Vertrieder vun der Gemeng, der Kulturkommissioun, dem Piusverband, der UGDA, den Oeuvres Paroissiales, der Pastoraléquipe hun deene Geéierten an dem ganze Cercle Vocal mat hirem Dirigent gratuléiert a Merci gesot fir hirt grousst Engagement an hire wertvolle Bäitrag zum kulturellen a spirituellen Liewen vun der Gemeng an der Pargemeinschaft.