Chorale Berdorf-Consdorf

De 7. Dezember huet d’Chorale Berdorf-Consdorf hiert traditionellt Caecilieneessen gehat. Det Jar huet dat am Restaurant Berdorfer Eck stattfonnt. No engem gudde Menu huet de Vertrieder vum Piusverband Patrick Jemming, verschidde Membere fir hier laangjäreg Memberschaft an der Chorale Mixte Berdorf ausgezeechent.

Bronze Pius-Medaile fir 10 järeg Memberschaft:

Bernadette Van Lier; Annemie Schumacher- Brentener;
Gëlle Pius-Medaile fir 30 Jar Memberschaft:

Annette Konsbruck-Finsterwald; Mireille Hubert-Birkel; Sylvie Schroeder-Boulanger;

Gëlle Pius-Plaquette fir 50 Jar Memberschaft :

Alice Conrad-Lucas; Josiane Spaus-Laugs; Marie-Paule Werner-Wagner; Yvonne Pistola-Alf

Den 22. Oktober huet de Kardinol Jean-Claude Hollerich follgend Memberen am Bëschofshaus konnten en Diplom iwerreechen.

Diplom fir 60 Jar Memberschaft:

Paul Schilt

Schreiwes vum Poopst duerch de peepstlechen Nuntius Franco Coppola fir 81 Jar Memberschaft:

Camille Meyers; Georges Lucas;

📷

No der Iwerreechung war nach e flott Zesummesëtzen ugesot, bäi dem nach su munch humoristesch Spiichten verzeelt gi sen. Dobäi huet sech rem bewisen, datt déi zwéi Veräiner bestens harmoniséieren.

foto an text: CBC