Dëser Deeg huet de Georges Lucas seng 90 Jar konnte feieren. Fir dem Georges säin onermiddlechen Asaz ze éieren war eng Delegatioun vun der Chorale Berdorf- Consdorf bäi de Georges an hunn him e Kaddo iwerreecht. Dat war an der Form vun enger Auer mat Gravur. Si ass extra an der Bijouterie déi vum Bäertrefer Meedchen, dem Sandy Streff geleet gëtt, ugefäerdegt ginn. De Georges séngt lo schon 80 Jar am Gesank. Bal keng Hochzäit, Begreefniss a praktesch all Sonndesmasse sënn net ouni dem Georges seng herrlech, liicht Tenorstëmm gehale ginn. Et war natierlech eng zouverléisseg Stäip op all Concert. Dobäi huet heen och nach bäi all Organisatioun vun Antunniuskiermes, Haupeschfest, Duerffest oder Grillfest kräfteg mat ugepaakt. Legendär sen och seng Optrëtter a verschidden Operetten, déi de Bäertrefer Gesank opgefouert huet. Ganz einfach gesot: Op de Georges war ëmmer zu 100 Prozent Verlooss.
Mat engem gudde Pättchen a Schnittercher ass is Delegatioun och vum Georges a sénger léiwer Fra dem Giby verwinnt ginn a mir konnte verschidde Spiichte vum Veräin ënnerteneen austauschen.
All Member aus dem Gesank, sief et vu Bäertref oder Konsdref, wënscht dem Georges an dem Giby, elo zu Eechternach am Bell Vue, datt si nach vill schéi Stonne kënnen zesumme sen.
Merci Georges, datt s du dem Gesank an der ganzer Duerfgemeinschaft su vill Déinster geleest hues.