De 16. Abrëll 2026 hunn déi 2 Chorallen zesummen hir Generalversammlung am Restaurant “O Pastor“ zu Konsdref ofgehalen. Zënter datt déi 2 Chorallen zesumme sangen a schaffen ass et Traditioun, datt d’Versammlung och zesumme gemaach gëtt, ofwiesselnd an den 2 Gemengen.
No der Begréissung vun de verschiddenen Invitéen an den obligate Mercien duerch de Präsident huet d’Sekretärin déi laang Lëscht vun den Aktivitéite virgedroen. Besonnesch ervirgestach hunn déi vill Concerten am Kader vun “75 Jar Chorale Mixte Berdorf“. Derniewend war de Chouer awer och am Asaz bäi ganz ville kierchlechen a weltlechen Aktivitéiten. An net ze vergiessen déi vill Prouwen, déi am Duerchschnëtt gutt besicht waren.
Och de Programm 2026 ass gutt gefëllt an dat verlaangt nees vill Engagement vun alle Memberen.
D’Keese si gesond an d’Keeserevisore bescheinigen eng korrekt Keeseféierung.
An de Comitéë ginn et e puer Changementer:
Aus gesondheetleche Grënn hält d’Trésorière vu Consdorf Nicole Koob mat der Keeseféierung op a gëtt ersat duerch d‘Maren Grosser. Den 2 Dammen e grousse Merci.
Op Bäertrefer Säit huet d’Vizepräsidentin Mireille Hubert hir Demissioun agereecht a gëtt ersat duerch d’Sylvie Schroeder. Och hinnen 2 e grousse Merci.
Zum Schluss goufen nach eng Rei Mercien un de Chouer verdeelt an dat vum Dirigent Daniel Lang, der Vertriederin vum Pastoralteam Josiane Mirkes an vun de Vertrieder vun de Gemenge Berdorf a Consdorf. Si all hunn dat grousst a villsäitegt Engagement vum Chouer ervirgestrach an et gouf net mat Luef gespuert.
No der Versammlung hunn d’Émilie an de Ken aus dem Restaurant “O Pastor“ de Patt a Pizza zerwéiert.
Text + Foto: CBC