Gedenkfeier fir den Raymond Petit den 20/11/2022 zu Bäertref

D’Amicale LPL (Lëtzebuerger Patriote Liga) an d’LPPD (Ligue vun de Lëtzebuerger Politesche Prisonnéier an Deportéierten) Sektioun Iechternach an Ëmgéigend, zesummen mat der Gemeng Bäertref, haten den 20/11/2022 op eng Gedenkfeier fir den Raymond Petit invitéiert.

De Raymond Petit war e grousse Resistenzler, hien ass gebuer de 16. Januar 1920 zu Lëtzebuerg. En huet als Grënner vun der LPL (Lëtzebuerger Patriote Liga) ganz vill am Krich fir d’Resistenz geschafft an domat fir d’Fräiheet vum Lëtzebuerger Land vill geleescht.

De Raymond Petit huet vu Bäertref aus mat Bäertreffer Frënn d’Fiedem gezunn an d’Schaffen vun der LPL dirigéiert. En hat och zu Bäertref fir laang Zäit eng sécher Stopp fonnt, bei sengem Monni an beim Paschtouer Keup.

Virun 80 Joer, den 21. Abrëll 1942, huet zu Bäertref a Peifesch, den Raymond Petit och déi lescht a schwéierst Decisioun a sengem Liewen geholl.

Deen Dag sinn zu Bäertref 5 Schëss gefall an no enger kuerzer Paus nach ee sechsten. Dëse leschte Schoss war de Schlusspunkt hannert dem Liewen vun engem jonke Mënsch, dem Raymond Petit. Et war déi eenzeg Méiglechkeet fir der Gestapo net an d’Hänn ze falen an domat seng Frënn a Resistenzler vun der LPL virum Prisong, KZ an dem méiglechen Doud ze retten.

Schonn Ufanks 1942 huet de Raymond zu sengen enksten Frënn gesot: „Wann et eescht gëtt, da wieren ech mech bis un d’Enn, an déi lescht Kugel ass fir mech“.

E Mënsch wie de Raymond Petit duerf net an de Vergees geroden, duerfir ass dës Gedenkfeier den 20. November zu Bäertref ofgehale ginn.

No der Blummennéierleeung virun der Stèle vum Raymond Petit ass e Gottesdéngscht an der Bäertrefer Kirch gehale ginn. Duerno konnt een am Centre Culturel eng Ausstellung iwwer de Raymond Petit kucke goen. Nodeems e puer Riedner op dem Raymond säi Liewen a Stierwen agaangen sinn, huet d’Gemengeverwaltung den Éierewäin offréiert. Déi ganz Feierlechkeeten goufen duerch d’Fanfare Bäertref an dem Gesangveräin verschéinert.