Gedenkrees an d’KZ Natzweiler-Struthof vun der Amicale Natzweiler-Struthof

Den 10. an 11. September huet d’Amicale Natzweiler-Struthof Lëtzebuerg rëm eng Rees an dat fréiert KZ Natzweiler-Struthof an d’Vogesen gemaach. Dëst KZ war dat eenzegt op franséischem Bueden, a gëtt all Joer vun 200.000 Leit besicht.

Nazien haten um Mont Louise, rosa’en Granit fonnt deen se wollten ofbauen fir dem Hitler säin Wahn-Bauprojekt “Germania” zu Berlin ze realiséieren. Am Mäi 1941 ass e Lager opgeriicht ginn wou Krichsgefaangener ënner onmënschlechen Konditiounen deen Granit hu missen ofbauen. No an no ass aus dem Lager e Vernichtungslager ginn. 52.000 Deportéiert hunn um Struthof an a sengen Niewelageren d‘Hell op der Äerd erlieft. Méi wéi 20.000 vun hinnen hunn net iwwerlieft. D’Amicale Natzweiler-Struthof mécht all Joer eng Rees dohin fir all deenen, a besonnesch den 418 Lëtzebuerger déi do gelidden hunn an vun deenen der 88 net méi Heem komm sinn, ze gedenken.

Samschdes Mëttes huet d’Amicale an der “Kiselkaul” vum Lager Blummen néiergeluecht fir speziell déi 7 Lëtzebuerger Jongen ze éieren déi do den 19. Mee 1944 vun den Nazien erschoss gi sinn. Eng zweet Gerbe ass virun der Lëtzebuerger Gedenkplack an der Aeschekaul néiergeluecht ginn. Duerno hunn mir zesummen eng interessant Féierung duerch d’Lager gemaach.

Sonndes Moies war dunn, vum CERD ( Centre Européen du Résistant Déporté) eng impressionant Gedenkfeier virum deem imposanten Mémorial organiséiert ginn. Bai dëser Geleeënheet ass och d’Lidd „Komerode vum Kazett“ wat vum Lëtzebuerger Deportéierten Ed. Barbel am Januar 1944 am KZ Natzweiler geschriwwe gi war, ofgespillt ginn.

Bei dësen Gedenkzeremonien huet eis den Lëtzebuerger Ambassadeur beim Conseil d’Europe zu Stroossbuerg, den Här Patrick Engelberg, begleet. 2 Leit vun der Lëtzebuerger Militärmusek hunn eis Gedenkzeremonie Samschdes musikalesch encadréiert.

D’Geschicht vun deem Lager konnt esou wärend zwee intressanten Deeg vermëttelt ginn. Mir hoffen, datt sech och d’nächst Joer rëm vill Leit un dëser Rees bedeelegen wëllen.