Gedenkfeier vun der «Amicale Natzweiler-Struthof» zu Déifferdeng

De 19. Mee 1944 sinn am KZ-Natzweiler-Sruthof 11 Leit erschoss ginn, dovun waren 7 Lëtzebuerger. Déi Patrioten sinn ouni Geriichtsverfahren an der berüchtegter Kiselgrouf am KZ Natzweiler-Struthof vun den Nazien ermourd ginn, dëst nëmmen well si sech géint en iwwermächtegen Okkupant vun eiser Heemecht zur Wier gesat hunn.

De 19. Mee dëst Joer huet d‘Amicale Natzweiler-Struthof zesummen mat de Gemengen Déifferdeng, Suessem a Rëmeleng eng Gedenkfeier ofgehalen. Des Gedenkfeier war zu Déifferdeng um Kierfecht wou d’Äsche vun deenen 7 Nazi-Affer hir lescht Rou fonnt hunn.

Am KZ Natzweiler-Struthof hunn am ganzen 405 Lëtzebuerger gelidden, 88 dovun sinn net méi Heem komm. D’Lager ass am Hierscht 1944 evakuéiert ginn an den 23. November 1944 vun der amerikanescher Arméi eidel opfonnt ginn.

D’Amicale Natzweiler-Struthof mécht den 9. an 10. September eng Rees an d’Elsass an dat fréiert KZ um Struthof fir speziell deenen Lëtzebuerger Deportéierten aus deem KZ ze gedenken an interesséierte Leit dat Lager ze weisen.

Mir denken och mat groussem Respekt un all Resistenzler déi an de Kazetter gelidden an do gestuerwen sinn.

Et bleift ze hoffen dat d’Menschheet nimools méi sou schrecklech Zäiten erliewen muss.