Amicale vun de Pompjeeën Préizerdaul war ganz aktiv

Traditioun an d’Kultur an der Gemeng oprecht erhaalen

Préizerdaul: Eng gut Zesummenarbecht an Memberen di ëmmer gut hëllefen bei all eisen Manifestatiounen an der Gemeng. Mat dene Wieder huet de President Paul Janssen di gut besicht an zugläich 171. Joershaaptversammlung vun der Amicale Pompjeeën Anno 1853 opgemeet an och jidderengem fir sengt Engagement villmols Merci gesoot. Sengt Uléies war awer och, dat méi Leit könnten derbéi sin, wann Zelt fir privat Leit opgeriicht gin an do derbéi wieren. Duerno huet de Sekretär Karsten Küpper di 20 Aktivitäten vum läschte Joer, Revue passéiere geloos, wou niewent 8 Komiteesitzungen an enger Scheckiwerreechung och d’Restauration vum aalen Aasatzwôn am Detail anhand vun enger Power Point Projektioun, gewisse goufen. Aus dem detailléierten Finanzbericht vum Anne- Marie Faber war ze bemierken, dat d‘Amicale trotz Ausgaben vun ëmmerhin 31 700 Euro nach gut opgestallt ass. Di exakt Buchführung ass vun de Keeserevisoren Marc Gergen a Charel Reiser och als einwandfrei bestätigt gin. Ouni Kommentar huet d’Versammlung dem aktuellen Komitee seng Décharge gin. Wéinst aaner Verpflichtungen an aus Zäitgrënn huet den David Valent sech aus dem Komitee zerëck gezun, wëll awer weiderhin als Member matschaffen. An senger Laudatio war et fir d‘ Mareike Boenigk eng besonnesch Éier als Member vum Gemengerot op d’Ännerung vum CGDIS op nationalen Plang anzegoen an huet duefir Traditioun vun der Amicale vun de Pompjeeën Préizerdaul besonnesch geluewt, fir dat kulturellt Liewen an der Gemeng mat hiren Manifestatioun weiderhin oprecht ze haalen. Ofschléissend huet si alle Memberen mat hirem Komitee, en oprichtigen Merci ausgeschwaat an d’Engagement an Presenz iwert dat ganzt Joer an der Gemeng Préizerdaul besonnesch erviergehuewen. Um Programm fir dat laafend Joer ass niewend engem ganz erfollegräichen Buergbrennen mat Fâkelzug, d’Fêschbâken op Karfreiden, den 7. Abrël an d’Kiirmeshâm den 9. September virgesin. De Schluss vun der Versammlung war d’Eierung vum Charel Reiser, den no 30 Joer als Keessier vun der Mutuelle, dese Posten weidergin huet, an dat mat engem grousse Merci fir di gut Arbecht an all denen Joeren an duefir och de verdingte Kado iwerreecht kritt huet. De Komitee gesäit esou aus: Paul Janssen (President); Anne- Marie Faber (Keessière); Karsten Kuepper (Sekretär). Weider Memberen sin: Jason Matgen, Carlo Lanners, Nico Nols an Jeff Schroeder. (CR).