Duebel Scheckiwerreechung am Préizerdaul

Am Kader vun enger klenger Feierstonn, déi deser Deeg am Gemengesaal am Préizerdaul stattfond huet, konnt d'Schwester St. Joseph Nols ee Scheck am Wert vun
1 400 Euro aus den Hänn vum Personal vun der " maison relais" an Empfang huelen. Di Suen koumen beim Summerfest 2010 zesummen.

Iwert ee weidere Scheck vun 800 Euro konnt den Här Raphael Faramelli vun der Vereenegung " Clowns sans frontières" sech fréen. Dat war den Erléis vun de Vakanzaktivitéiten vum Joer 2010 am Préizerdaul. No hiere Wierder vu MERCI konnten di Uwiesend an enger Billlerprojektioun hir Arbecht vun der OTM- HAITI an den " Clowns sans frontières weisen. Zum Schluss huet de Buergermeeschter Fernand Heyart dem Personal, de Moniteuren an Organisatoren och am Numm vun der Préizerdauler Gemeng villmols Merci gesoot fir dess wonnerbar Initiative. ( FOTO: CHAREL REISER)

Méi heivunner ass an de kommenden Deeg am Luxemburger wort ze liesen