Merci fir dat flott Matschaffen- Personaléierung an der Gemeng Préizerdaul


Préizerdaul: Den traditionellen Gemengebanquet ass ëmmer eng gut Geleeënheet fir Bilanz iwert engt erfollegsräichst Joer ze zéihen an all dejenigen Matarbechter Merci ze soen fir hirt Engagement. No sengen Wieder vu Wëllkomm ass de Buergermeeschter Marc Gergen a Presenz vum Schëffen- a Gemengerot op di verschidde Projets agaangen , déi am Laaf vum vergaangene Joer am Beräich vun der Schoul, der Maison Relais, dem Service Technique bis hin zu nei agestalltem Personal, konnten realiséiert gin fir dann och kuurz op di zukünftig Investitiounen hinzeweisen. Doriwer hinaus huet de Buergermeeschter d‘Vertrieder vun de Commissiounen, di Benevol Matarbechter, déi iwert d‘Joer ganz gut Arbecht op fräiwëlleger Basis fir d’Gemeng leeschten och ganz besonnesch erviergestrach. No senge Wierder vu Merci, un all Matarbechter déi am Dingst vum Bierger stongen, koum et zur Personaléierung vun dene Leit, sieff et wëll si een neien Challenge am Liewen sichen oder wëll si an hir woul verdingte Pensioun gin an duefir och mat dem gewënschten Kado honoréiert konnte gin. Beim Personal vun der Maison Relais war et um Kristin Hendrickx , wat vun 2014 bis 2022 bei der Gemeng agestallt war an et faerdeg bruecht huet de Wee vun der „école de la 2ième chance“ fir d’éischt säin Diplom als éducateur diplomé ze machen an duerno och säin Bachelor mat Erfolleg ofzeschléissen. Als zweeten gouf di gut Arbecht vum Yann Kirchen, den och als „éducateur diplomé“ am Zäitraum vun 2014 bis 2022 an der Maison Relais aktiv war, fir seng gut Arbecht och villmols Merci gesoot. De Yann huet sich en neien Challenge ginn um Stausee. Grad esou wi d’Kristin Hendrickx konnt de Yann Kirchen och leider nit den Owend present sin, esou dat di Zwee hire Kado nodréiglich iwereecht kréien. Desweideren huet de Buergermeeschter d’Verdingster vum Gaby Plier- Schumacher, dat vun 2013 bis 2022 als grouss Hëllef vum Patrick Antony an der Maison Relais ëmmer zur Säit stong, ganz besonnesch ervier gehuewen an him eng angenehm Pensioun gewënscht. Op der Gemeng selwer ass dann de Fatmir Blakcori an d’Pensioun gaang, den vun 2016 bis 2022 als „homme fait tout“ eng ganz gut Arbecht geleescht huet. Zu gudder Läscht, ass dem Elsa Nogueira och Merci gesoot gin, dat vun 2007 bis 2020 als ganz engagéiert Botzfra ëmmer fir eng perfekt Schoulbotz gesuergt huet. Hinnen Alleguerten e ganz grousse Merci fir hirt Schaffen an all dene Joeren am Dingst vun der Gemeng Préizerdaul. De angenehmen Owend ass bei engem deftige Menü a gudder Gesellschaft a bei flotter Danzmusik mam Mike Poiré op en Ënn gaangen. (CR) Foto: Charel Reiser)