Lions Club Gehaansbierg huet am Cactus Beetebuerg gesammelt fir de Cent Buttik.
14
Nov
2026
14 Nov
All Joër am Hierscht organiséiert de Lions Club Gehaansbierg eng grouss Liewensmëttel- an Hygiènesartikel-Collecte am Cactus zu Beetebuerg. D'Aktioun leeft während 2 Deeg a geet integral zu Gonschten vum Cent Buttik Beetebuerg.
De Cent Buttik ënnerstëtzt Mënschen aus der Regioun, déi sech an enger schwiereger finanzieller Situatioun befannen. Fir déi betraffe Familljen an Eenzelpersoune konkret am Alldag z'entlaaschten, sinn d'Membere vum Lions Club Gehaansbierg aktiv. Dofir soen Si, zesummen matt der Equipe vum Cent Buttik Beetebuerg all de Clienten a Generéisitéitsspender e ganz häerzleche Merci fir hir Solidaritéit an hir wäertvoll Ënnerstëtzung.