100 Joer Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg

Am Kader vun der 100 Joresfeier vun der Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg war e Sonndeg den traditionelle Concert Spirituel an der Dekanatskierch vu Beetebuerg. Trotz Corona hate vill Leit de Wee op Beetebuerg an d’Kierch fonnt.

D’Chorale mam Orchester Estro Armonico an de Solisten Gaby Wolter-Boever, Carine Weicherding, Marc Dostert, Franz Schilling hunn ënnert der Direktioun vum Nancy Back-Kelsen hir Nolauschterer verwinnt wat si duerch groussen Applaus gewisen hunn. Um Programm stoungen den Te Deum vum Marc Antoine Charpentier an d’Paukenmesse vum Joseph Haydn, déi scho viru 40 Joer vun der Chorale Sängerfreed opgefouert gouf.

Eng Mass fir di Verstuerwe vun der Chorale gëtt de 6. Februar 2022 vun der Chorale Ste Cécile vu Beetebuerg verschéinert. Weider Concerte fir den 100. Jubiläum stinn um Programm, den 13. a 15. Mee 2022 wou e Lëtzebuerger Owend zesumme mat der Moselle Valley Brass Band am Festsall vum Beetebuerger Schlass opgefouert gëtt. Als Ofschloss vun de Festivitéite séngt d’Chorale Sängerfreed den 10. an 12. Juni 2022 zu Beetebuerg am Schlass wou franséisch Chansons virgedroe ginn.