Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg - Concert Spirituel 5 décembre 2021

Am Kader vun 100 Joer Sängerfreed invitéiert d'Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg op hire Concert Spirituel de 5. Dezember 2021 um 17.00 Auer zu Beetebuerg an der Dekanatskierch. Um Programm ass d'Paukenmesse vum Joseph Haydn an den Te Deum vum Marc-Antoine Charpentier. D'Chorale séngt, begleet vum Orchester Estro Armonico, mat de Solisten Gaby Wolter-Boever, Sopran; Carine Weicherding, Alto; Marc Dostert, Tenor; Franz Schilling, Bass; Uergel: Marie-José Hengesch ënnert der Direktioun vum Nancy Back-Kelsen.