De Le Réveil Beetebuerg huet bei senger Generalversammlung vill Membere geéiert

No engem méi rouege Joer 2020 konnt den Turnveräin Le Réveil Beetebuerg 2021 erëm méi Training halen an u Matcher deelhuelen a mam Summerfest an dem Christmas Gym Cup erëm e puer Events organiséieren, wann och den traditionellen Turngala am Januar ausgefall ass. Mat zwou éischte Plaze bei der Coupe de Luxembourg bei de Fraen, sou wéi enger zweeter an enger drëtter bei de Männer war de Retour vun de Matcher fir de Veräin och ee vollen Erfolleg, esou de Credo de Freiden, de 25. Mäerz bei der Generalversammlung.


Donieft gouf dem Sylvie Tangeten fir seng jorelaang Hëllef als Member vum Comité Merci gesot, esou wéi d’Dany Scheck an d’Letizia Lops geéiert, déi vill Joren als Trainerinnen aktiv waren an sech an Zukunft aneren Aufgabe widme wëllen. Gläichzäiteg goufe mam Patrick Kohl, Sascha Gobbo an Nadine Kremer dräi nei Memberen an de Comité opgeholl.


De Präsident vun der FLGym Roby Rollinger an de Sportschäffe Gusty Graas hunn sich an hire jeeweilege Rieden iwwer d’Presence vu ville Membere vum Veräin, besonnesch vu jonken Turner an Turnerinnen, gefreet an hunn sech et net huele gelooss dem Mathis Kayser fir seng erturnten Norm fir d’Europameeschterschaften am August 2022 ze gratuléieren, fir déi hien deen Owend och vum Veräin geéiert gouf.