„Éierebam“ fir der Karoline hir 80 Joer

Beetebuerg. Den 13. Juni huet d’Schwëster Karoline Mayer aus dem Chile zesumme mat enger Delegatioun vun « Niños de la Tierra » a mam Roby Biwer, President vun Natur an Ëmwelt, d’Plackette bei „hirem“ Nëssert am Bongert Altenhoven enthüllt. Fir hiren 80. Gebuertsdag sollten op Initiativ vu fréiere Fräiwëllege vu Cristo Vive Europa 80 Beem fir d’Karoline geplanzt ginn, do wou dës aussergewéinlech Fra aktiv ass fir Mënschen ze hëllefen: am Chile, Peru, Bolivien an iwwerall do wou si duerch hiert Engagement Hëllef kritt fir hir Projeten ze realiséieren. Well eis ONG zanter der Grënnung mat hir zesumme schafft, hu mir eis natierlech un dëser Aktioun bedeelegt.

Dës Bamplanzaktioun war awer nëmme méiglech duerch d’Hëllef vun de Frënn vun Natur an Ëmwelt: den Eugène Conrad, de Roby Biwer an d’Michèle Biwer haten alles preparéiert, an duerch hiert Wëssen a Kënnen war de Bam de 27. Mee geplanzt ginn. Ze betounen ass nach, dass Natur an Ëmwelt all Onkäschten iwwerholl huet.

R.L. fir Niños de la Tierra