Generalversammlung. Réckbléck vun der ONG „Niños de la Tierra »

Beetebuerg. No der Pandemie konnt d’Generalversammlung vun der ONG erëm am Gréngen Haus zu Beetebuerg stattfannen. De President Marco Hoffmann huet d’Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot, d’Sympathisanten a fréier Volontaire vun der ONG, d‘Vertrieder vun aneren ONGen souwéi d’Membere vum Conseil d’administration begréisst. Hien erënnert un dat, wat a 35 Joer vun der ONG Niños de la Tierra (fréier « Chiles Kinder ») realiséiert gouf a wéi vill Suen an déi 71 Projeten an den Zillänner Bolivien, Chile a Peru investéiert goufen. Nieft de kofinanzéierte Projeten ënnerstëtzt d’ONG eng Rei vu klengen net kofinanzéierte Projeten, an et gëtt grousse Wäert op d’Nohaltegkeet geluecht. An deene 35 Joer ass duerch 28 Projetsreesen de gudde Fonctionnement vun de Projeten a Südamerika kontrolléiert ginn. 3 Presidenten hu bis elo mat enger klenger mä dynamescher Ekipp d’ONG geleet. Dem President säi Merci goung och u „Beetebuerg“ hëlleft“, déi d’ONG a verschiddene Projete finanziell ënnerstëtzt.

D’Sekretärin Rose Ludwig-Bohler huet am Aktivitéitsbericht ervirgehuewen, datt am Joer 2022 de Conseil – am grousse Grupp oder an Ënnergruppen- 25 Versammlungen hat, a 16mol bei haaptsächlech lokalen Aktivitéite vertruede war. Nieft dem reegelméissege Kontakt mat de Partner a Südamerika ass och de Besuch vun der Karoline Mayer aus dem Chile, an der Teresa Subieta aus Bolivien ze nennen. E flotte Moment war de 35. Gebuertsdag vun der ONG, dee mat enger Fotoausstellung an engem Stand am Cactus Beetebuerg verbonne war.

Den Tresorier Jean-Paul Hammerel huet e positive Bilan vum Joer 2022 presentéiert, dee vun enger Société fiduciaire a vun de Keesereviseurinne Michèle Biwer-Erpelding a Lolo Reding confirméiert gouf. Et ass weider vill Engagement verlaangt fir déi néideg finanziell Mëttelen opzebréngen an esou all lafend an nei Projeten ze garantéieren.

Als Projetsresponsabel gëtt de Jean-Paul Hammerel en Iwwerbléck iwwert déi 4 momentan kofinanzéiert Projeten a Bolivien, a betount datt déi éischt Preoccupatioun an de Projeten de Mënsch, d’Educatioun, d’Fraen, d’Gesondheet, d’Landwirtschaft an d’Liewensmëttelsécherheet ass.

De Jean-Marie Jans, als Vertrieder vun der Gemeng an als Kooperatiouns-Schäffen, seet der ONG e grousse Merci fir d’Kompetenz, den Äifer an d’Begeeschterung mat deenen d’ONG „Niños de la Tierra“ un d’Projeten erugeet. Mat vill Engagement ginn nohalteg Projete realiséiert fir Leit, deenen et schlecht geet.

D’Romy Hutmacher, Generalsekretärin vun der ONG „OGBL solidarité syndicale asbl“ gëtt Erklärungen zum Projet „Trabajo Digno“ zu Cochabamba, dee vun der ONG „Niños de la Tierra“ finanziell ënnerstëtzt gëtt.

D’Generalversammlung kléngt aus bei engem gesellege Patt.

De Conseil d’administration besteet aus 13 Leit: Marco Hoffmann (President), Julie Kipgen (Vizepresidentin a Secrétaire adjointe); Rose Ludwig-Bohler (Sekretärin); Jean-Paul Hammerel (Tresorier a Projetsresponsabel), Georges Ludwig; (Tresorier adjoint), an de Memberen Marie-José Kohn-Goedert, Marcel Kohn, Axel Schneidenbach, Marianne Schummer, Claude Schweich, Yvette Schweich-Lux, Gaby Stoos, Gaby Wewer.

Rose Ludwig fir Niños de la Tierra