Niños de la Tierra asbl

Niños de la Tierra asbl

Eng ONG mat groussem Asaz a Bolivien, Chile a Peru

Beetebuerg. Och 32 Joer nodeem d’ONG „Niños de la Tierra asbl“ (fréier Chiles Kinder) gegrënnt ginn ass, ass den Asaz fir déi manner Bemëttelt an de südamerikanesche Länner Bolivien, Chile a Peru nach ëmmer ongebremst (ganz grouss). Dëst ass bestätegt ginn an der Generalversammlung vum Mäerz, an där de President Marco Hoffmann 6 Leit vum Scheffen- a Gemengerot, a vill Sympathisante vun der ONG begréisst huet. Hie bedankt sech bei der Gemengeféierung an de Gemengeservicer fir all finanziell a logistesch Hëllef. E grousse Merci geet un de Verwaltungsrot, dee sech 13mol am Plenum, an 9mol a klenge Gruppe getraff huet. De President hieft déi grouss Ënnerstëtzung vun den Donateuren a vu „Beetebuerg hëlleft“ ervir, déi duerch hir Donen erlaben datt all Joer Projete vu méi wéi 500‘000 Euro kënne realiséiert ginn.

De Rapport vun der Generalversammlung 2018 an den Aktivitéitsbericht 2018 vun der Sekretärin Rose Ludwig-Bohler, souwéi de Keesebericht vum Tresorier Jean-Paul Hammerel gi vun der Assemblée duerch Acclamatioun ugeholl, nodeems d’Keeserevisore Michèle Biwer a Lollo Reding eng exemplaresch Kontabilitéit bestätegt hunn.

De Verwaltungsrot besteet aus 15 éierenamtleche Memberen: President Marco Hoffmann, Vizepresidentin Gaby Stoos, Sekretärin Rose Ludwig-Bohler, Tresorier Jean-Paul Hammerel, Hëllefs-Tresorier Georges Ludwig, Membere Julie Kipgen, Marie-José Kohn-Goedert, Marcel Kohn, Kim Nommesch, Michel Schaack, Fernande Schaack-Rasquin, Axel Schneidenbach, Claude Schweich, Yvette Schweich-Lux, Gaby Wewer. D’Carmen Albers ass Permanent vun der ONG.

De Responsabele vun de Projeten Jean-Paul Hammerel geet op déi lafend Projeten a Bolivien an, déi vum Ministère kofinanzéiert ginn. Op dësem Wee setzen Niños de la Tierra sech a fir d’Stäerkung a Weiderbildung vun de Gemeinschaften a Fraegruppen, fir gesondheetlech Iwwerwaachung a besser Ernährung souwéi schoulesch Begleedung vun de Kanner. Hëllef gëtt och ugebuede beim Beaarbechte vu Felder a bei Initiativen, déi fir e gereegelt Akommes bei de Famillen hëllefen. Niewt de kofinanzéierten ginn awer och nach net-kofinanzéiert Projeten am Chile an am Peru ënnerstëtzt.

De J-P Hammerel mécht e Foto-Reportage iwwert eng Projet-Rees a Bolivien, déi wichteg war fir d’Iwwerwaachung vun de lafende Projeten a fir d’Diskussioun mat eise südamerikanesche Partner-ONGen iwwer nei Projeten.

De Buergermeeschter Laurent Zeimet seet der ONG Merci, déi säit méi wéi 30 Joer e positiivt Bild no bausse gëtt an duerch hir Solidaritéit eng grouss Ënnerstëtzung ass fir déi Populatioun a Südamerika, déi op dës Hëllef ugewisen ass.

www.niti.lu

#�#�>�G-gj