Eierungen an e neie President op der Generalversammlung vum Le Réveil Beetebuerg

Op en erfollegräicht Joer 2022 huet de Le Réveil Beetebuerg de 24 Mäerz op senger Assemblée générale zu Beetebuerg am Schlass zeréck gekuckt. Dat hunn och de Buergermeeschter, Laurent Zeimet an de Vize-President vun der FLGym, Gilles Andring, ënnerstrach.


Nieft de Méritants goufen och dem Veräin seng dräi Turnerinnen am Cadres Jeunes, esou wéi seng zwee Turner am Nationalkader geéiert. Allem viraus de Mathis Kayser, deen aktuell op derJunioren Weltmeeschterschaft an der Tierkei matturnt.


Donieft gouf dem Maria Machado an dem Alessandra Lops fir hir laang Aarbecht als Jugen am Veräin Merci gesot, dem José Machado, fir säi jorelaangt Matschaffen an der Federatioun a fir de Club, esou wéi dem Tessy Lippert fir säi jorelaangt Engagement am Veräin.


Mam Sheila Clesse krut de Comité e neie Member. D'Gréisst vum Comité bleift awer onverännert, well no 15 Joer huet d’Präsidentin d‘Sylvie Jansa de Stab ofginn. Fir säin Engagement, seng roueg a sympathesch Aart a Weis a seng Fairness gouf hat op der AG zur Éierepresidentin vum Le Réveil Beetebuerg ernannt.