Matt 66 fänkt d'Liewen eréicht un.

„Matt 66 fänkt d’Liewen eréicht un“, dat hu sech och d’Joergäng 1952/1953 vun der Beetebuerger Gemeng geduecht, a kuerzerhand e Konveniat op d’Been gestallt. An enger flotter a gemittlecher Ambiance hu se an der CELULA, wou sou muncher een vun hinnen an der Studentenzäit säin Täschegeld opgebessert huet, dëse „Liewensufank“ gefeiert a vill amusant Erënnerungen koumen op d’Tapéit. Mam Verspriechen sech spéitstens fir den 70ten erëmzegesinn, goung dëse flotten Owend op en Enn.