Sympatesch Feier zu Duelem. D'Kommissioun vum Drëtten Alter aus der Gemeng Duelem an Zesummenaarbecht mam Schäffen- a Gemengerot huet all Awunner vun der Gemeng Duelem ab 60 Joer invitéiert fir matt hinnen op enger flotter Feier matt Mëttegiessen a Musék dat neit Joer ze begréissen. Dobäi sin déi Mattbierger besonnesch geéiert gin, déi 2023 an 2024 hier 80, 85 resp. 90 Joer gefeiert hunn.