Ofschlossconcert 100 Joer Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg

Als Ofschloss vun der 100 Joerfeier vun der Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg war Freides den 10. a Sonndes de 12. Juni de Schlassconcert um Programm mat „Chansons Françaises“ dëst am Festsall vum Schlass zu Beetebuerg. D’Chorale gouf begleet um Piano vum Stefan Dorneanu, um Akkordeon vum Sheila Pigeon a Solist war d’Gaby Wolter-Boever. Duerch de Concert, huet de Jean-Paul Gangler mat interessanten Erklärunge gefouert. De Concert stong ënner der Direktioun vum Nancy Back-Kelsen.