35 Joer Croix-Rouge Sektioun Gemeng Dippech

D’Lokalsektioun vum Roude Kräiz aus der Gemeng Dippech ass virun eppes méi wéi 35 Joer gegrënnt ginn. Zënterhier ass villes vun der Sektioun geleescht ginn, fir Mënschen an Nout ze hëllefen.

Dësen Anniversaire huet de Comité als Ulass geholl, fir déi vill Benevollen, déi d’Sektioun reegelméisseg bei hiren Aktivitéiten ënnerstëtzen, op eng kleng Feier ze invitéieren.

De President Fernand Bley huet d’Gäscht begréisst an hinne Merci fir hiert Engagement gesot. D’Sektioun Dippech ass houfreg drop, dass si op esou vill engagéiert an trei Benevollen ziele kann an dass d’Equipe vum Comité viru kuerzem nach verstäerkt gouf. Dank hirer grousser Ënnerstëtzung konnten iwwert all déi Jore vill Done bei der järlecher Quête gesammelt ginn a vill Aktivitéiten vun der Croix-Rouge mam Erléis vun den Hierschtfester ënnerstëtzt ginn. Och goufe vill interessant Konferenzen iwwert verschidde medizinesch a sozial Sujeten organiséiert.

D’Madamm Catherine Gapenne aus der Direktioun vun der Croix-Rouge ass kuerz op déi verschidde Servicer vun der Croix-Rouge agaang, déi souwuel fir Jonker wéi och fir eeler Leit ugebuede ginn. Besonnesch an Zäite wou ëmmer méi Persounen op Hëllef ugewise sinn, ass et wichteg, dass d’Croix-Rouge op Leit ziele kann, déi sech fräiwëlleg engagéiere fir anere Mënschen ze hëllefen.

Och d’Madamm Buergermeeschter an Éierepresidentin Manon Bei-Roller huet der Sektioun fir hiren Anniversaire gratuléiert an ass stolz, dass d’Gemeng Dippech op sou eng aktiv Sektioun vun der Croix-Rouge ziele kann.

Duerno gouf zesummen op déi 35 Joer ugestouss. Mat enger klenger Stäerkung, dem Gebuertsdagskuch an engem flotten Austausch, gouf den Owend gemittlech ausklénge gelooss.