D’Croix-Rouge Sektioun Gemeng Dippech spent 4000 € un d’Epiceries sociales

Viru Kuerzem hat d’Lokalsektioun vum Roude Kräiz aus der Gemeng Dippech op hir Generalversammlung invitéiert.

De President vun der Lokalsektioun, Fernand Bley, huet d’Gäscht begréisst an alle Benevolen ee grousse Merci fir hiert Engagement gesot. An der aktueller schwiereger Zäit liewen ëmmer méi Mënschen an der Prekaritéit an et ass ëmsou méi wichteg hinnen ze hëllefen.

Nom Aktivitéitsbericht, deen de Jérôme Hoffmann am Numm vun der Sekretärin Claudine Reuter-Gilles virgedroen huet, an dem Keessebericht vum Simone Schleimer, huet d’Marianne Bley-Wantz d’Resultat vum Mois du Don vun 2025 presentéiert.

D’Lokalsektioun aus der Gemeng Dippech hat ee ganz gutt Resultat vun 6.338 € erreecht, dëst duerch d’Verdeelen vu personaliséierte Flyeren un all Stot.

Ervirzehiewen ass och, dass 4 Comitésmemberen, d’Marianne Bley, d’Elvire Gilles, de Lucien Thill an d’Fabienne Braun-Sassel, de 6. Mee 2025 bei d’Grande-Duchesse op d’Schlass Bierg invitéiert woren, wou si fir hir 37- respektiv 35-järeg Aktivitéit geéiert goufen.

Dank dem ganz erfollegräichen Hierschtfest, konnt d’Lokalsektioun och dëst Joer nees am Kader vun der Generalversammlung een Don vun 4000 € fir d’Epiceries sociales spenden.

Nieft der Konferenz iwwert d’Thema Panik mam Dr. Phil. Charles Benoy an dem Mois du Don, huet d’Rout Kräiz Sektioun Dippech den 18. Oktober 2026 nees hiirt traditionnelt Hierschtfest geplangt.

No 8 Joer am Comité trëtt d’Madamm Annette Schott-Gantrel hiert Mandat of a gouf mat engem klenge Kado fir hire laangjäregen Asaatz am Comité geéiert.

Als Vertriederin vun der Direktioun vun der Croix-Rouge huet d’Madame Véronique SCHMIT e puer Wieder zum Mois du Don an den Aktivitéiten vum Roude Kräiz gesot an den Här François Authelet huet nach eng Rei Informatiounen zu den Epiceries sociales ginn. Och d’Madamm Buergermeeschter an Éierepresidentin Manon Bei-Roller ass op déi wichteg Aarbecht vun der Croix-Rouge agaang an huet déi ganz aktiv Sektioun fir hiert Engagement gelueft.

Den Owend gouf bei engem gemittleche Patt ofgeschloss, deen de Comité offréiert huet.