Éierung a Scheckiwwerreechung bei der Croix-Rouge Sektioun Gemeng Dippech

Viru kuerzem hat d’Lokalsektioun vum Roude Kräiz aus der Gemeng Dippech op hir Generalversammlung invitéiert.

De President vun der Lokalsektioun, Fernand Bley, huet d’Gäscht begréisst an alle Benevolen ee grousse Merci fir hiert Engagement gesot. An der aktueller schwiereger Zäit liewen ëmmer méi Mënschen an der Prekaritéit an et ass ëmsou méi wichteg hinnen ze hëllefen.

Nom Aktivitéitsbericht vun der Sekretärin Claudine Reuter-Gilles an dem Keessebericht vum Fabienne Braun-Sassel, huet d’Marianne Bley-Wantz d’Resultat vum Mois du Don vun 2022 presentéiert. Obwuel kuerz virun der Quête scho ganz vill Donen fir d’Hëllef an der Ukraine gemaach goufen, huet d’Lokalsektioun aus der Gemeng Dippech während dem Mois du Don ee ganz gutt Resultat vu 9700 € erreecht.

Fir hirt laangjäregt onermiddlecht Engagement goufen eng ganz Rei vu Quêteuren a Quêteusen am Kader vun der Generalversammlung geéiert:

D’Dammen Laurence Bley a Josiane Schroeder-Karier goufen fir 20 Joer Quête geéiert. Fir 10 Joer Quête goufen d’Dammen Antoinette Birchen, Anatoli Schmit an Annette Schmit an den Här Fernand Bley geéiert. Déi Dammen Dolly Arend, Edith Backes, Nadia Berg, Chantal Bleser, Denise Letellier, Simone Schleimer a Gisela Sturm kruten eng Auszeechnung fir 5 Joer Quête.

Ee ganz grousse Merci an en ugepasste Cadeau goungen och nach un déi austriedend Tresorière Fabienne Braun-Sassel, déi dës Fonctioun säit 2009 ganz gewëssenhaft ausgeübt huet an säit der Grënnung vun der Lokalsektioun am Joer 1988 am Comité matgeschafft huet.

D’Lokalsektioun konnt sech awer driwwer freeën, dass 3 nei Memberen an de Comité opgeholl konnte ginn: de Jérôme Hoffmann, d’Josette Thill-Schmit an d’Simone Schleimer, déi an Zukunft d’Fonctioun vun der Trésorière iwwerhëlt.

Op Grond vun hirem ganz erfollegräichen Hierschtfest, konnt d’Lokalsektioun am Kader vun der Generalversammlung een Don vun 4000€ fir d’Epiceries sociales spenden.

Als nächst Aktivitéiten sinn eng Konferenz iwwert d’Thema Migrän den 19. Abrëll an d’Hierschtfest vum 15. Oktober geplangt an d’Preparatioun vum Mois du Don leeft op Héichtouren.

Zum Ofschloss ass d’Madame Catherine Gapenne als Vertrieder vun der Direktioun vum Roude Kräiz nach op déi verschidden Aktivitéiten vun der Croix-Rouge agaang an d’Madamm Buergermeeschter an Éierepresidentin Manon Bei-Roller huet der ganz aktiver Sektioun Merci gesot fir hiert Engagement.

De Comité vun der Lokalsektion setzt sech deemo ab elo esou zesummen: Fernand BLEY, President, Lucien THILL und Elvire GILLES-HERMES, Vizepresidenten, Claudine REUTER-GILLES, Sekretärin, Simone SCHLEIMER, Trésorière, Marianne BLEY-WANTZ, Responsabel fir d’Quête, Annette SCHOTT-GANTREL, Jérôme HOFFMANN an Josette THILL-SCHMIT, Memberen