Vernissage vun enger Ausstellung

Déi zwou Kënschtlerinnen Lidia Markiewicz a Sonja Grethen haten op de Vernissage vun hirer Ausstellung an déi Al Kierch zu Rued-Sir invitéiert.


De Buergermeeschter Jean-François Wirtz war erfreet, déi zwou Molerinnen an der Gemeng Betzder ze emfänken.


“De Kënschtler verschafft meeschtens a senge Wierker Impressiounen, Emotiounen, d.h. eegen Erfahrungen aus sengem Liewen. An daat waat ganz flott an interessant bei der Konscht ass, ass datt beim Betruechter aner Emotiounen, Impressiounen ervirgeruff ginn. Et entsteht eng Wiesselwierkung, an dës Wiesselwierkung ass bei jidderengem eenzegaarteg an anescht”, sou de Buergermeeschter.


D’Ausstellung gouf zugonschte vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner organiséiert. Esou droen d’Kënschtlerinnen mat dozou bäi, dass d’Fondatioun ka Familljen, déi vun där Tragedie getraff goufen, ënnerstëtzen. D’Fondatioun kann de Familljen op dësem Wee eng kuerz Auszäit vun hirem Alldag erméiglechen.