De Kleeschen ass op Rued-Sir bei déi brav Kanner komm

Wéi all Joer hunn nees immens vill Leit zu Rued-Sir op der Gare op de Kleesche a seng zwee Geselle gewaart, déi mam Zuch vu Betzder sollte kommen. Endlech war et esou wäit an den Zuch mam héije Besuch koum ugerullt an d’Kanner hunn de Kleeschen, säin Engelchen an den Houseker mat vill Freed emfaangen.


An enger schéiner Päerdskutsch vum Leederwon sinn de Kleeschen, den Engelchen an de Buergermeeschter am Cortège zesumme mam Houseker, dem Gemengerot a mat de Leit alleguer bis bei den Ufank vum Chrëschtmaart, dee beim Syrkus war, gefuer. D’Police an d’Menster Pompjeeën hu fir d’Sécherheet op der Strooss an d’Museke vu Menster an Ouljen fir Stëmmung gesuergt.


Am Syrkus hunn d’Kanner mam gudde Mann gesongen an duerno eng Tiitchen an e Bong fir ee Gedrénks um Chrëschtmaart (dee vum Jugendhaus Betzder, dem Duerfbuttik an Duerftreff “Beim Lis” an der Gemeng Betzder organiséiert war) kritt. Nei war dëst Joer, dass de Kleeschen fir déi éischte Kéier och un d’Kanner mat Allergie geduecht hat an hinnen eng extra Tiitche matbruecht hat. Dat waren awer net déi eenzeg un déi de Kleesche geduecht huet, déi rechtlech Tiitecher sinn nämlech un de Foyer Ulysse an u Stëmm vun der Strooss gespent ginn.


01.12.2017