Generéise Geste vun der Amiperassektioun Gemeng Rammerich un den Télévie.


D’Amiperassektioun Gemeng Rammerich huet och dëst Joer nees ronn 1000,00 € un den Télévie gespenndt. Dës Zomm Geld staamt haptsächlech vum Erléisbénéfice aus dem Hierschtkabaräprogramm “Festival Fernand Wark”, woubäi déi eegen Theateréquipe matt hirer virtuoser Pianistin Natascha Fomina, der Solosängerin Lena Maack souwéi den Akteuren Nathalie Galbats, Joël Feyerstein, Max Kirchen, Patrick Schuller an ënnert der Regie vum Marcel Maack sech säit 2007 zum Ziel gesat huet fir matt Concert-a Kabaräprogrammer virun allem Mënschen a Nout ze hëllefen, an dobäi och natierlech d’Recherche an de Kriebs matt z’ënnerstëtzen. Deen dësjährege Chèque gouf gelegentlech enger klénger musikalesch-a kabarettistesch ëmrummter Rezeptioun op der Bilschdrefer Kléngkonschtbühn un déi nei Téléviecoordinatrice , der Madame Diana Wunsch, weidergeleet.