Kabarä "Pickegen Drot" zu Bilschdref



D’Jubiläumsfestlechkeeten zum 50.Anniversaire vum Dëschtennis Hueschtert-Folscht erliewen ee weideren Héichpunkt mam lëschtegen Kabaräprogramm “Pickegen Drot” op däer bekannter Bilschdrefer Kléngkonschtbühn, a wou bäi dëser Geleeënheet an engem zweemolegen 45 Minutteprogramm eng ganz Rei Sketcher vum onvergiesslechen lokalen Entertainer, dem Fernand Wark (1916-1994), hei wäerden opgefouert ginn. Doderniewt och e puer Wierker vum Max Duchscher, August Donnen, Jemp Schuster a Marcel Maack, déi alleguer mat derfir suergen, dass nees ee ganz attraktiven kulturelle Programm hei um Duerf iwwert d’ Brieder ka goen.

Virstellungen si bis elo fest ageplangt Samschdes , den 30. Juli um 20:30 a Sonndes, den 31.Juli 2022 um 15:00 Auer. Ënnert der Regie vum Organisatiounspresident Marcel Maack trieden op : Martine Weber, Jolly Feyerstein, Max Kirchen, Patrick Schuller a Marcel Maack, wärend de Solist a Guitarist Jos Pletschet fir de musikaleschen Deel verantwortlech zeechent.

Reservatiounen ginn ab sofort iwwer Telefon 621 34 35 82 ugeholl!