Wa Sport a Kultur sech vermëschen


Wa Sport a Kultur sech vermëschen...

Zum 50.Anniversaire vum Dëschtennisveräin Hueschtert/Folscht (1972-2022)

Bilschdrëf: Déi ëmfangräich geplangten Jubiläumsfestlichkeeten fänken Sonndes, den 19.Dezember 2021 un mat engem lëschtegen Kabaräprogramm op däer bekannter Bilschdrefer Kléngkonschtbühn an der aler Schoul, 3 Neimillewee, a wou ë.a. bäi dëser Geleeënheet an engem zweemolegen 40 Minutteprogramm eng ganz Rei Sketcher vum onvergiesslechen Entertainer Fernand Wark (1916-1994) hei wäerden opgefouert ginn. Doderniewt och e puer Wierker vum Max Duchscher, August Donnen, Jemp Schuster a Marcel Maack, déi alleguer mat derfir suergen, dass nees ee ganz attraktiven kulturelle Programm hei um Duerf iwwert d’ Brieder ka goen.

Virstellungen si bis elo geplangt Sonndes , den 19.Dezember a Stiefesdag den 26.Dezember 2021 all Kéier Nomëttes um 15:00 Auer. Ënnert der Regie vum President vum Organisatiounscomité trieden op : Andrea Hamen , Max Kirchen, Patrick Schuller a Marcel Maack, wärend de Solist a Guitarist Jos Pletschet fir de musikaleschen Deel verantwortlech zeechent.

Reservatiounen ginn ab dem 15.November iwwer Telefon 621 34 35 82 ugeholl! Dës Manifestatiounen fannen natierlech ënnert dem CovidChek Regime statt.