Medaillen-Iwerreechung bei den „Sänger van der Héid“
Di 39. Generalversammlung vun den „Sänger van der Héid Holler, Bënzelt, Bréidelt“ war den 10. Abrël am Restaurant Reiff zu Fëschbich.
D’Presidentin Marie-Paule Johanns-Hamer huet den Här Marc Boever, President vum Pius-Verband, den Här Paschtouer Michel Meyer, d’Sängerinnen and d’Sänger mat hiren Partner begréisst.
D’Sekretärin Mady Hentz-Schneider huet an hirem Bericht d’Aktivitéiten vum Joer 2025 opgezielt.
D’Caissière Francine Johanns konnt eng gesond finanziell Situatioun presentéieren a kruut Decharge vun den Kassenrevisoren.
Den Programm fir 2026 ass schon gudd gefëllt mat 2 Kirmesmassen, enger Chèque Iwerreechung, d’Sangen vun der Radiosmass am August, en Ausfluch vun e puer Deeg and Bretagne, Gromperefest asw.
Den Här Marc Boever an den Här Paschtouer hun dun dräi laangjährig Sängerinnen geéiert.
Mat vill Applaus kruuten d’Astrid Huet-Plumer d‘Medaille en Or fir 30 Joer, Mady Hentz-Schneider d’Medaille avec palmettes fir 40 Joer an Marie-Paule Johanns-Hamer Plaquette en or fir 50 Joer Engagement am Déngscht vum Gesank.
Den Owend ass duerno mat engem gudde Maufel an engem Patt a gemittlecher Ronn ausgeklongen.