Scheckiwwerreechung

Een Deel vum Erléis vum Antoniusfest 2026 gouf gespend.

Den 25. Januar 2026 hun den „Gaart an Heem Holler, Bënzelt, Bréidelt“, „d’Sänger van der Héid“ an „d’Jeunesse B-H-B“ d’Antoniusfest mateneen organiséiert.

D’Mass zu Bënzelt, déi gudd besicht war, gouf vun der Chorale Ste-Cécile vun Nouspelt gesongen. An dëser Mass huet den Här Paschtouer Michel Meyer d’Kënnbaken geseent, déi no der Mass virun der Kiirch versteet gi sin. D’Mëttegiessen ass zu Beeler am Saal zervéiert gin.

Den 11. Mee hun eng Delegatioun vun denen 3 Veräiner eng Visite um „Liewenshaff“ zu Merscheet gemaat wou den Här Yves Weisen, chargé de direction vum „Liewenshaff Asbl“ eis empfangen huet.

Mir kruten erklärt dat déi Jugendlech am Alter tëschend 15 an 22 Joer bei sie kommen fir eng schulesch Grondausbildung an eng Berufsausbildung a fönnef verschiddenen Beräicher ze man. Da kréien sie och nach eng Liewenserzéihung a sozialpädagogeschen Gruppen.

Déi perséinlech Entwëcklungsprozesser gin mat enger aktiver Bedeelegung vun den Jugendlechen un dat kulturelt an gesellschaftlecht Liewen gefördert.

Dat wat hei geléiert gët soll denen Jugendlechen hëllefen hirt Liewen spéider eegenstänneg an verantwortlech kënnen ze gestalten. Déi jonk Leit kréien um „Liewenshaff“ eng zweet Chance gebueden fir hirt Liewen an den Grëff ze kréien.

Nodeems dat den Här Weisen eis duerch d’Gebäilechkeeten gefouert huet, hun mir en Scheck vun 2.750 Euro iwerreecht.

Dësen Nomëtten hu mir bei Kaffee a Kuch, deen déi Jugendlech als léiwe „Merci“ fir eis gebak hun, ausklënge geloos.