Scheckiwerreechung zu Bënzelt

Den 5. Mäerz 2024 war d‘Generalversammlung vun den Fraen a Mammen Gemeng Wäiswampich zu Bënzelt am Festsaal.

Deen Owend war d’Associatioun Blëtz a.s.b.l. duerch d‘Madame Nicole Backes-Walesch an d‘Madame Yasmine Silbereisen vertrueden.

Am Numm vu Blëtz hun si e Scheck am Wäert vun 2.500 Euro vun den Fraen a Mammen Gemeng Wäiswampich iwwerreecht kritt.

No der Versammlung hun déi zwou Dammen e Virdraag gehaalen.

Ziel vun der Associatioun ass ët sëch fir Betraffener vun engem Hiereschlag an hir Familjen anzesetzen. Hei kréen si an allen Stadien vun der Krankheet Hëllef an Ënnerstëtzung.

D’Leit konnten Froen stellen a kruuten Erklärungen.

Dorno hun d’Fraen a Mammen nach eppes fir z’iessen an ze drënken offréiert.