ASIVEMA APERO-TOUR ZU RAMMERICH

Op Ureegung vum H. Henri Lamesch wor d'Asivema op de Spuren vum Aloyse Mausen ënnerwee zu Rammerech.


Während der Rundstedtoffensiv, den 16. Dezember 44, huet den Aloyse Mausen e Verspieche ginn, wann säin Duerf a seng Awunner géingen verschount bleiwen, da géng hien mat sengen Hänn eiser Herrgott eng Kapellchen an de Fiels haen, an zwar an de Fiels niewt der Dillebach.


Nom Krich, hat hien säi Verspriechen nët vergiess an as mat vill Energie an ganz villen Arbechtstonnen un säin Wierk erugaangen.


De Aloyse Mausen zesummen mam François Biren, allebéid aus Folscheid, sin dunn mat Hummer a Meessel un d'Arbecht gaangen an hun aus dem Schiefer eng Grott mat Traap an Wee ugeluecht.


Eise Wee as Richtung Schwiddelbruch gaangen, op engem Huesepiedchen, duerch de Bësch, erof bei d'Dillebaach, bei d'Kapell, dono erop op de Plateau a Richtung Rammerech.


E ganz flotte Wee mat villen interessanten Andréck.