ASIVEMA APERO-TOUR ZU SCHËNDELS

ASIVEMA APERO-TOUR zu Schëndels, en interessante Trëppelwee vum Schlass bis op de Gousseler Bierg. Wonnerbar Vuen iwwert den Uelzech-an de Mamerdall.

(Leider konnte mer nët an den Tuerm, wëll do zou ass)


D'Schlass as 1292 vum Friederich de Schonevels gebaut ginn. Duerch arrangéiert Hochzaiten as et spéider an de Besetz vun den Hären vun Amsebourg an dono un d'Hären vu Suessem gaangen.


1948 as d'Schlass dunn vum Industriellen Camille Weiss kaaf ginn, deen et de 16. März 1971 un de Lëtzebuerger Staat ofgetratt huet.


D'Härenhaus as op Uerder vum Staat 1976 ofgerappt ginn. Dono as den Tuerm renovéiert ginn. D'Scheieren niewendrun sin vun den Eaux et Forêts besat an och en Deel déngt als Centre d'Accueil.