Internationaalt Team botzt d‘Atert

Ënnert bloem Himmel a gefillten Minustemperaturen huet sech Ufank Mäerz een internationaalt Team vu Leit aus Russland, Argentinien, Spuenien, Frankräich a Lëtzebuerg Rendezvous ginn, fir d’Atert um Territoire vun der Gemeng Bissen ze botzen. Ee grousse Merci un déi Mannschaft vum Kayak-Club Lëtzebuerg fir hir Motivatioun an hiren Asaz op der Atert. D’Biller weisen, dat dësen Asaz net vu Muttwëll war. No 4 Stonnen um Waasser an e bëssche méi wéi 1 km Faart war d’Atert ëm 45 kg Offall méi liicht.