Ufank Februar huet de Schöfferoot vu Sëll d’Konventioun ënnerschriwwen fir Member am Gewässervertrag Atert ze gin. Och wann d'Gemeng Sëll keen direkten Accès zur Atert huet, leien awer 96% vum Gemengenterritoire am Anzuchsgebitt vun der Atert.
De Gewässervertrag Atert ass eng Kooperatioun vun elo 10 Gemengen am Atertdall, zesummen mat Naturschutzorganisatiounen, Drénkwaasser- an Ofwaassersyndicaten esou wéi der Landwirtschaftskummer. Dës Initiativ gouf virun 20 Joer gegrënnt. Geréiert gëtt si vun der Asbl « Maison de l’Eau de l’Attert » mat Sëtz ze Réiden.
D’Gemeng Sëll a seng Bierger hunn elo d’Méiglechkeet op eng sëllegen Servicer zréckzegräifen, déi vun der Asbl ugebuede ginn ; z.B :
· Hëllefstellung bei der Ëmsetzung vun den Moossnamen aus der Waasserrahmenrichtlinn an Héichwaasserrichtlinn
· Planung vun naturnoen Grénganlagen
· Berodung am Beräich vun der Reewaassergestioun
· Planung vu Naturgäert fir Privatleit a Betriber
· Organisatioun vun Excursiounen an Uléën vun Themeweer
· Animatioun vun pedagogeschen Atelier’en fir Schoulklassen
· Bibliothéik mat Bicher zum Thema Waasser an Natur
Weider Informatiounen ginn et ënnert: www.attert.com